Buerg Recken

fréier Buerg zu Recken am Äischdall
(Virugeleet vu(n) Schlass Recken)


D'Buerg vu Recken war eng Buerg am Äischdall, déi haut ganz verschwonnen ass.

Buerg Recken
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Recken
Datum vum Bau 1150er (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 1870

Lag änneren

Zanter 1870 sinn d'Iwwerreschter vum Reckener Schlass e Bestanddeel vun engem Wunnhaus oder Haff an der Uertschaft[1].

Baugeschicht änneren

D'Reckener Schlass wier am Joer 1155 op Fiels gebaut ginn, war 50 m laang an hat 58 Fënsteren[2].

De mëttelalterleche Buergfrid, hat e quadratesche Grondrëss vu 9 × 9 m an 1,5 m déck Maueren.

D'Reckener Schlass gouf 1870, mat Ausnam vun engem 3 m héijen Stomp vum mëttelalterlechen Tuerm, komplett ofgerappt[3]. Dat aalt herrschaftlecht Gebai gouf am selwechte Joer duerch e neit Wunnhaus ersat, mee vum ale Schlass blouwen d'meterdéck Mauere vum Keller, de Schlassverléiss an de Pëtz erhalen[2].

Vun de Geschichtsfrënn Miersch gëtt et eng Zeechnung mat enger ongeféier Virstellung, wéi d'Buerg am Mëttelalter kéint ausgesinn hunn[3].

Geschicht änneren

D'Geschicht gouf vun de Geschichtsfrënn Miersch beliicht[3]. Wéi beim Fockeschlass zu Käerch (och verschwonnen), huet d'Famill Fock vun Hübingen eng Roll gespillt.

D'Häre vu Recken goufen eng éischt Kéier am 12. Joerhonnert ernimmt.

Ëm d'Joer 1533 gouf den Heinrich Fock, Här vun Heeschdref, Schlassproprietär zu Recken.

Den Ernst Fock von Hübingen, Här vu Recken, deen am Joer 1573 gestuerwen ass, hat an der Mierscher Parkierch e Renaissance-Caveau, deen no 1850 am Méchelstuerm agemauert gouf.

Zu Recke bei Miersch hate nieft der Reckener Herrschaft mat eegener Buerg, véier aner Adelsfamilljen Haffgidder (déi vu Miersch, Huelmes, Useldeng a Pëtten), sou datt et housch „In Reckingen blühte nicht allein das Vogteiwesen, sondern auch die Mehrherrigkeit“[2].

Am Joer 1699 gouf de Kavalerieskapitän Peter Blum Schlasshär zu Recken. Hien ass och an der Kierch zu Miersch begruewen.

Am Joer 1823 ass de Schlassberéng an de Besëtz vum J.B. Thorn, dem Schëndelsser Schlassbesëtzer komm, an duerno an dee vum Baron de Blochausen[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Aus de consultéierte Quelle geet net ervir wou genee deen Haff steet.
  2. 2,0 2,1 2,2 Glodt, Tessy: Recken [Kierchtuerms­promenaden (on-line)]. Gekuckt de(n) 06.08.2020.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Geschichtsfrënn Miersch (2007): Dépliant "Châteaux forts et châteaux: Mersch, Schönfels, Pettingen, Reckingen", 2p. ill. Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 07.08.2020.