Schindler's List

Film vum Steven Spielberg (1993)

Schindler's List ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg[1][2] aus dem Joer 1993, no engem Dréibuch vum Steven Zaillian, dat sengersäits vum Buch Schindler's Arkvum Thomas Keneally adaptéiert ass. E baséiert op historesche Faiten.

Schindler's List
Film
Produktiounsland USA
Première 15. Dezember 1993
Dauer 195 min
Faarf schwaarz-wäiss (bis op kleng Ausnamen)
Format 1,85:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Steven Spielberg
Dréibuch Steven Zaillian
Fotografie Janusz Kamiński
Musek John Williams
Schnëtt Michael Kahn
Produzent Steven Spielberg
Gerald R. Molen
Branko Lustig
Produktiouns-
gesellschaft
Amblin Entertainment
Universal Pictures
Schauspiller
Liam Neeson als Oskar Schindler
Ben Kingsley als Itzhak Stern
Ralph Fiennes als Amon Göth
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film huet als Haaptprtagonist den Oskar Schindler (gespillt vum Liam Neeson), en däitschen Industriellen a Geschäftsmann, deen am vun Nazi-Däitschland besate Polen am Laf vum Krich iwwer dausend meeschtens polnesch-jiddesch Zwangsaarbechter a senge Fabrécke beschäftegt huet, fir s'esou virum Holocaust ze retten. Als eng Zort verzerrt Spijelbild gëtt den SS-Offizéier a Lagerkommandant Amon Göth duergestallt (gespillt vum Ralph Fiennes). E weidere wichtege Personnage ass den Itzhak Stern, dem Schindler säi jiddesche Komptabel (gespillt vum Ben Kingsley).

Produktioun änneren

De Film gouf 1993 bannent 72 Deeg zu a bei Kraków gedréint. En ass, well dat em eng méi dokumentaresch an universell Note gëtt, a Schwaarz-wäiss gedréint, bis op d'Ufanks- a Schlusssequenz, souwéi bei e puer Zeenen, wou e klengt Meedche mat engem roude Mantel an engem soss schwaarz-wäisse Bild ervirstécht - wuerwiertlech e roude Fuedem iwwer d'Schicksal vun de Judden zu der Zäit wou de Film spillt. D'Filmmusek ass vum John Williams komponéiert, an d'Titelmelodie gouf vum Violonist Itzhak Perlman gespillt.

Schindler's List hat den 30. November 1993 Première zu Washington, D.C. a koum zwou Wochen drop an den USA an d`Kinoen. E gouf weltwäit vun der Kritik gelueft fir säin Toun a seng Atmosphär, d'Schauspill vun den Haaptacteuren an dem Spielberg seng Regie. De Film, deen e Produktiounsbudget vun 22 Milliounen Dollar hat, huet bei senger Sortie weltwäit 322 Milliounen agespillt. E gouf fir 12 Academy Awards nominéiert, an huet der 7 dovu gewonnen, dorënner déi fir de beschte Film, bescht Regie, bescht adaptéiert Dréibuch, a bescht Filmmusek. Och soss doruechter krut en eng Abberzuel Präisser, dorënner 7 BAFTAs an dräi Golden Globe Awards.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Steven Spielberg, Liam Neeson Reflect on ‘Schindler’s List’ 25 Years Later
  2. Steven Spielberg’s Oscar-Winning ‘Schindler’s List’ Set For 25th Anniversary Re-Release