Schabloun:WDS 4. Dezember
- ... et zu Lëtzebuerg eng griichesch-orthodox an eng russchesch-orthodox Kierch gëtt?
- ... ënner dem Pafendaller Viaduc, wou haut d'Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg steet, Enn 19./uganks 20. Jh. e Schluechthaus stoung?
- ... dem Serge Ecker seng Melusina-Skulptur mat Hëllef vun engem groussen 3D-Drécker entstanen ass?
- ... ee vun de Pionéier vun der Lëtzebuerger Geologie eng wichteg Roll an der belscher Revolutioun gespillt huet a mat just 32 Joer un engem Schlag gestuerwen ass?
- ... am Mee 2012 zu Lëtzebuerg mam Schëld A, 28 e Verkéiersschëld agefouert gouf, dat virun Tramsgleiser warnt, obwuel d'Gesetz, fir en Tram an der Stad Lëtzebuerg (nees) anzeféieren, eréischt am Juni 2014 an der Chamber gestëmmt gouf?