Schabloun:WDS 32
- ... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
- ... d'Gemeng Wëntger 2019 déi lescht Gemeng zu Lëtzebuerg war, déi Stroossennimm agefouert huet?
- … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?
- ... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
- ... de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
- ... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?