Schabloun:WDS 3. Oktober

  • ... den Erdäpfelmuseum zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche Johann Eberhard Jungblut ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?
  • … d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
  • ... d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
  • ... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?