Schabloun:WDS 28. Juni
- ... d'Tranchée de Caster an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'Montagne Saint-Pierre ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den Albertkanal ugeluecht gouf?
- ... "Luxemburg" gläich dräi Uertschaften an de Vereenegte Staaten heeschen?
- …den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?
- … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?