Schabloun:WDS 28. Januar B
- ... den Uluru, am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark, mat enger Längt vu 4 ½ km, enger Breet vun 2 ½ km an enger Héicht vun 349 m, dee gréisste Monolith op der Äerd ass?
- ... den éischte Fallschiermsprénger zu Lëtzebuerg Garçon an engem Stater Restaurant a Schwoer vum Keeser Wilhelm II. war?
- ... Gold, als E175, op der Lëscht vun de Liewensmëttelzousätz ze fannen ass?
- ... de Versoffene Rousekranz duerch e Carrefour ersat gouf?
- ... d'Kongresshal vu Berlin an der Zäit vum Kale Krich e prominent Symbol fir déi däitsch-amerikanesch Allianz war an deementspriechend politesch instrumentaliséiert gouf?