... d'Sudoku-Spill schonns am 18. Joerhonnert ënner dem Numm Carré latin vum Mathematiker Leonhard Euler erfonnt gouf, ma eréischt am 21. Joerhonnert ënnert senger japanescher Bezeechnung weltwäit Succès krut?
... wéi de Wilwerdanger Tunnel 1889 a Betrib geholl gouf, eng Persoun agestallt gouf, där hir Aufgab et war, déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht um liichten ze halen?
... de Stroossennumm Leschte Steiwer op den Numm vun enger Wiertschaft zeréckgeet, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Su (Steiwer) fir e Patt ausginn hunn?
...Titanic vum James Cameron deen éischte Film war, dee méi wéi eng Milliard Dollar an de Kinoen abruecht huet?