... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
... den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir dass en net an d'Mier soll falen?
... den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?