Schabloun:WDS 26. Oktober
- … den zweeten an deen drëtte President vun de Vereenegte Staate genee de selwechten Dag, de 4. Juli 1826, gestuerwe sinn?
- … den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
- ... de franséische Chansonnier Serge Gainsbourg an den 1960er Joren och Regisseur vu Sandalefilmer war?
- ... Südafrika eelef ofiziell Sproochen huet?
- ... de Zénon Bernard, 20 Joer nodeem hien e Gol am eenzege Match, deen déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp jee géint Frankräich gewonnen huet, geschoss hat, als éischte Kommunist an d'Chamber gewielt gouf?