Schabloun:WDS 22. Januar B

  • ... en Europäeschen Igel 5.000 bis alt 7.500 Stachelen huet, déi iwwer de ganze Kapp a Réck verdeelt sinn?
  • ... de Méchelstuerm zu Miersch net, wéi de Rescht vun der aler Kierch, am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf, well en dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. seng Fra Anna Palowna un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an doropshin d'Gemengeconseillere gebiede goufen, e stoen ze loossen?
  • ... de Quartier Belair an der Stad Lëtzebuerg bis den Ufank vum 20. Joerhonnert Dauwefeld, an dono Neimäerel genannt gouf, ier en 1957 säin haitegen Numm krut?
  • ... de Streisand-Effekt no der Schauspillerin a Sängerin Barbra Streisand genannt gouf, déi eng Foto am Internet läsche loosse wollt, well dodrop (ë. a.) hiert Haus ze gesi war?