Schabloun:WDS 19. August

  • … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
  • … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 op der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
  • ... den Dollar säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut Jáchymov heescht?