Schabloun:WDS 18. Juni
- ... Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautesdaags guer net derduerchleeft?
- ... d'franséisch Schrëftstellerin Simone de Beauvoir en Urenkelkand vum Hubert Brasseur war, engem vun de Matgrënner vun der Brasseurs Schmelz zu Esch?
- ... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
- … den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?