Schabloun:WDS 16. Mee B
- ... Lëtzebuerg 1997 fir d'éischt Kéier mat Elles e Kandidat fir eng Nominéierung fir den Oscar agereecht huet?
- ... Het Zinneke zu Bréissel als eng Zort kanine Pendant zum Jeanneke a Manneken Pis betruecht ka ginn?
- ... d'Gare Kautebaach vun 1888 zwéi verschidden Architekturstiler vereent - Schwäizer Chalet an italieenescht Landhaus - wat den éischte Bauhären no e Symbol fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker duerstelle soll?
- ... de Sänger a Schauspiller Freddy Quinn, jee no Quellelag, an dräi verschiddenen Uertschafte gebuer ka sinn?
- ... am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?