... d'Champagnerfabréck Mercier am Weidendall bei Koplescht virum 1. Weltkrich op bis zu 40 Hektar Weide gezillt huet, deenen hir Rudde vu bis zu 100 Leit zu Kierf geflecht goufen?
... d'Insel Koiluoto, déi just 3 Hektar grouss ass, tëscht Russland a Finland gedeelt ass?
... bei der Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, de 26. Juni 1807, 32 Persoune ëm d'Liewen koumen an der 120 schwéier blesséiert goufen, dorënner vill Kanner?
... Cassini-Huygens, eng Weltraummissioun mat zwou Raumsonde fir de Planéit Saturn a seng Mounden z'erfuerschen, bannent knapps 20 Joer spektakulär nei Erkenntnesser bruecht huet?
... bei der Cholera-Epidemie zu Lëtzebuerg, 1865-1866, tëscht 8.000 bis 10.000 Leit dorun erkrankt, a ronn 3.500 gestuerwe sinn, 1,83 % vun der Gesamtpopulatioun?