Schabloun:WDS 15. Juni
- … den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
- ... d'Amerikanesch Joffereninsele bis 1917 zu Dänemark gehéiert hunn, déi se du fir 25 Milliounen Dollar un d'USA verkaaft hunn?
- ... am Schlass Bierg, der groussherzoglecher Residenz, tëscht 1941-1944 vum däitschen Occupant eng sougenannt Nationalpolitische Erziehungsanstalt ageriicht gi war?
- ... de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?