Schabloun:WDS 14. Juni
- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, deen eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
- ... d'Amerikanesch Joffereninsele bis 1917 zu Dänemark gehéiert hunn, déi se du fir 25 Milliounen Dollar un d'USA verkaaft hunn?
- ... am Schlass Bierg, der groussherzoglecher Residenz, tëscht 1941-1944 vum däitschen Occupant eng sougenannt Nationalpolitische Erziehungsanstalt ageriicht gi war?
- ... de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?
- ... de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?