Schabloun:WDS 12. Mäerz
- ... d'Wollefsschlucht bei Iechternach hiren Numm 1881 vun engem vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, krut, dee se mat der "Wolfsschlucht" aus dem Carl Maria von Weber sengem Freischütz verglach huet?
- ... "Sequoiaen" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5 Vokaler hannerenee stinn?
- ... wärend den Ëmbauaarbechten vum Chambersgebai, 1997-1999, d'Chamber hir Sëtzungen am Stater Stadhaus ofgehalen huet?
- ... den Edmond de la Fontaine (1823-1891) net nëmmen, ënner dem Pseudonym Dicks, Operette geschriwwen huet, mä och laang Joren al Seeërcher a Bräich erfuerscht huet?
- ... op der Pallett vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?