Schabloun:WDS 10. November
- ... de Spëtznumm "Chareli" vun der Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach op de Virnumm vum Minister Charles Rischard zeréckgeet?
- ... all Joer vun der Asbl natur&ëmwelt e "Vull vum Joer" ausgeruff gëtt, fir op eng bedreet Vullenaart zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen?
- ... nach 100 Joer nom Doud vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, him zu Éieren eng Eech am Gréngewald geplanzt gouf?
- ... een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
- ... de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?