Schabloun:Op engem 4. Oktober
- 1669: Doud vum hollännesche Moler Rembrandt van Rijn.
- 1830: D'belsch Revolutiounsregierung proklaméiert d'Onofängegkeet vun der Belsch vun Holland.
- 1859: De Feierwon gëtt fir d'éischt Kéier gesongen, an dat zur Feier vum éischten Zuch, deen aus der Gare vun der Stad ofgepaff gëtt.
- 1895: Gebuert vum US-amerikanesche Filmschauspiller a Regisseur Buster Keaton.
- 1910: De Kinnek Manuel II. gëtt gestierzt; Enn vun der Monarchie a Portugal.
- 1915: Déi lëtzebuergesch Politkerin Madeleine Frieden-Kinnen kënnt op d'Welt.
- 1924: Den US-amerikanesche Schauspiller Charlton Heston gëtt gebuer.
- 1957: D'Sowjetunioun schéisst mam Sputnik 1 den éischte Satellit op seng Tier ronderëm d'Äerd.