Schabloun:Op engem 31. Mäerz
- 1596: Gebuert vum franséische Philosoph René Descartes.
- 1727: De brittesche Philosoph a Mathematiker Isaac Newton stierft.
- 1732: Den éisträichesche Komponist Joseph Haydn kënnt op d'Welt.
- 1867: Doud vum Lëtzebuerger Moler Jean-Baptiste Fresez.
- 1889: Zu Paräis gëtt den Eiffeltuerm ageweit.
- 1905: Ufank vun der Éischter Marokkokris wéi den däitsche Keeser Wilhelm II. op Tanger a Marokko fiert, fir ze signaliséieren, hie wéilt vun elo un e Wuert do matzeschwätzen.
- 1927: De lëtzebuergesche Schauspiller an Dichter Joseph Noerden gëtt gebuer.