Déi Éischt Marokkokris, och bekannt als Tangerkris, war eng Kris tëscht Frankräich an dem Däitsche Keeserräich, déi vun 1905 bis 1906 gedauert huet. Et war dëst eng vu fënnef internationale Krisen tëscht den europäesche Groussmächten, wou dës polariséierend Positiounen ageholl hunn, déi et am Réckbléck méiglech gemaach hunn, datt den Éischte Weltkrich ausbrieche konnt. Déi éischt Kris war a Marokko, wou et drëm goung, ob a wien do Kolonialmuecht kéint ginn.

Däitschland wollt de Fransouse weisen, datt et ewell en Acteur gi wier, mat deem ee misst rechnen. Et huet es geschéngt, wéi wa Marokko do eng gutt Geleeënheet derzou bidde géif: Am Mäerz 1905 huet de Keeser Wëllem II. zu Tanger dem Sultan vu Marokko verséchert, hie géif Marokko als onofhängeg ugesinn, sou datt jiddereeen, dee wéilt, dorënner och nei derbäi Däitschland, Handel féiere kéint. En huet weiderhi gehofft, op enger Konferenz, déi 1906 zu Algeciras war, déi aner Länner och dovun z'iwwerzeegen. Ma do huet just Éisträich-Ungarn déi däitsch Positioun ënnerstëtzt. Frankräich wollt seng privilegiéiert Stellung do net opginn, a Groussbritannien huet sech ausdrécklech hanner Frankräich gestallt. Domat war d'Hoffnung vum Keeser, datt sou d'Entente Cordiale tëschent Frankräich a Groussbritannie gebrach kéint ginn, net an Erfëllung gaangen. Den Accord vun Algeciras vun Abrëll 1906 huet nämlech um Enn festgehalen, datt Frankräich weiderhin d'Kontroll iwwer déi marokkanesch Häfen a Police behale géif.

Ausbléck änneren

Duerch dës Kris ass d'Rivalitéit tëscht Frankräich an Däitschland méi grouss ginn an huet dozou gefouert, datt déi zwee hir Arméie verstäerkt hunn. Well Däitschland demonstrativ seng Flott ausgebaut huet, huet Groussbritannie sech sengersäits positionéiert a mat Russland e Friddensaccord ofgeschloss. Däitschland gesouch sech doduerch "agekreest", wat d'Rüstungsspiral weider viru gedriwwen huet.

Kuckt och änneren