Schabloun:Op engem 25. Oktober
- 732: Den Hausmeier Charles Martell gewënnt zu Tours an duerno zu Poitiers géint d'Araber ënner dem Abd ar-Rachman.
- 1415: Bei der Schluecht vun Azincourt, am Kader vum Honnertjärege Krich, gewannen d'Englänner géint d'Fransousen.
- 1748: Mam Fridde vun Oochen geet den Éisträicheschen Ierffollegkrich op en Enn.
- 1760: De Georg Wilhelm Friedrich vun Hannover gëtt, als George III., Kinnek vu Groussbritannien a vun Irland.
- 1838: Gebuert vum franséische Komponist Georges Bizet.
- 1881: De spuenesche Moler, Sculpteur a Graphiker Pablo Picasso kënnt op d'Welt.
- 1931: Déi franséisch Schauspillerin Annie Girardot gëtt gebuer.
- 1987: Doud vun der lëtzebuergesche Kachbuch-Autorin Ketty Thull.