Schluecht vun Azincourt

Schluecht vun Azincourt
Miniatur aus dem Abrégé de la Chronique d'Enguerrand de Monstrelet.
Datum 25. Oktober 1415
Plaz bei Azincourt
Resultat englesch Victoire.
Kontrahenten
England Frankräich
Kommandanten
Henry V.
Edward vu York
Humphrey vu Lancaster
Charles d'Albret †;
Jean Le Meingre
Jean I. d'Alençon
Charles d'Orléans
Truppen op der Plaz
± 9.000 Mann
1.000 Ritter
6.000 Bouschëtzen
2.000 Fousstruppen
12.000 bis 35.000 Mann
Verloschter
600 Gefalen
dorënner den Herzog vu York
an 12 aner Ritter
ca. 6.000 Gefalen
dorënner de Connétable vu Frankräich
3 Herzogen an 90 Adleg
iwwer 1.500 Ritter
2.200 Gefaangen
Konflikt
Honnertjärege Krich


D'Schluecht vun Azincourt (engl. Battle of Agincourt) war eng Schluecht am Kader vum Honnertjärege Krich, déi de 25. Oktober 1415, bei Arras tëscht den Truppe vum Kinnek Henry V. vun England an deene vum Kinnek Charles VI. vu Frankräich ausgedroe gouf.

D'Schluecht vun Azincourt ass fir eng mëttelalterlech Schluecht aussseruerdentlech gutt dokumentéiert. Déi gängeg Meenung, datt d'Englänner de Fransouse vun der Zuel vun de Kämpfer hier stark ënnerleeë waren (ma trotzdeem gewonnen hunn), gëtt zanter e puer Joer vun eenzelen Historiker relativéiert (2:3 amplaz 1:4, wéi soss ugeholl).

Si ass militärgeschichtlech bedeitend, well do, wéi virdru bei der Schluecht vu Crécy, den Asaz vu Laangbéi vun den engleschen Infanterietruppen géint franséisch Ritter a schwéiere Rëschtungen zu Päerd staark zu der Victoire bäigedroen huet. Och den Terrain - knéidéiwen, schwéiere Bulli - war zu Ongonschte vun de Fransousen.

Als Suite vun der franséischer Néierlag an der Schluecht konnt den Henry V. du 1420 Frankräich de Traité vun Troyes opzwéngen, mat deem en, duerch d'Bestietnes mat der franséischer Kinneksduechter Catherine de Valois den Usproch op de franséischen Troun séchere konnt.

Dem William Shakespeare säin Henry V. thematiséiert dës Schluecht.

Literatur änneren

  • Johann Baier: Die Schlacht bei Agincourt. Hörnig, Ludwigshafen 2006, ISBN 3-938921-01-3.
  • Juliet Barker: Agincourt. The King – The Campaign – The Battle. Abacus, London 2006, ISBN 0-349-11918-X.
  • Anne Curry: Agincourt. A New History. Tempus, Stroud 2005, ISBN 0-7524-3813-1.
  • Hagen Seehase, Ralf Krekeler: Der gefiederte Tod. Die Geschichte des englischen Langbogens in den Kriegen des Mittelalters. Hörnig, Ludwigshafen 2001, ISBN 3-9805877-6-2.

Um Spaweck änneren

Commons: Schluecht vun Azincourt – Biller, Videoen oder Audiodateien