Schabloun:Op engem 25. Abrëll
- 1599: Gebuert vum Oliver Cromwell, dem Lord Protector vun England, Schottland an Irland.
- 1744: Doud vum schweedeschen Astronom, Mathematiker a Physiker Anders Celsius.
- 1827: De Lëtzebuerger Komponist Jean-Antoine Zinnen (Ons Heemecht) kënnt op d'Welt.
- 1859: Éischte Spuetstéch fir de Bau vum Suezkanal.
- 1874: Den italieenesche Physiker an Nobelpräisdréier Guglielmo Marconi gëtt gebuer.
- 1918: Gebuert vun der US-amerikanescher Jazz-Sängerin Ella Fitzgerald.
- 1945: Zu Torgau op der Elbe feiere sowjetesch an US-amerikanesch Zaldoten hir Jonctioun an Däitschland.
- 1974: D'Oeillets-Revolutioun bréngt d'Militärdiktatur a Portugal op en Enn, a mécht de Wee op fir déi demokratesch Drëtt Republik.