Schabloun:Op engem 21. Mäerz
• 1685: Gebuert vum däitsche Komponist Johann Sebastian Bach.
• 1804: De Code Napoléon trëtt a Frankräich a Kraaft.
• 1839: De russesche Komponist Modest Mussorgski kënnt op d'Welt.
• 1864: De Lëtzebuerger Ingenieur Eugène Ruppert gëtt gebuer.
• 1871: Den Otto von Bismarck gëtt däitsche Reichskanzler.
• 1910: Doud vum franséische Fotograf, Schrëftsteller, Zeechner a Loftschëffkapitän Nadar.
• 1920: Gebuert vum franséische Regisseur Éric Rohmer.
• 1944: Déi franséisch Schauspillerin Marie-Christine Barrault kënnt op d'Welt.