Schabloun:Op engem 16. Februar
- 1497: Gebuert vum däitschen Humanist a Reformateur Philipp Melanchthon.
- 1834: Den däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph Ernst Haeckel gëtt gebuer.
- 1848: De franséische Schrëftsteller Octave Mirbeau kënnt op d'Welt; e stierft op den Dag genee 1917.
- 1882: Inauguratioun vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Réimech (Jangli).
- 1918: Litauen erkläert sech vun Däitschland a Russland onofhängeg.
- 1936: Gebuert vum lëtzebuergesche Sumerolog Jean-Pierre Grégoire.
- 1941: Den nordkoreanesche Politiker Kim Jong-il gëtt gebuer.
- 2005: De Kyoto-Protokoll iwwer d'Reduktioun vun Zäregasen trëtt a Kraaft.