Ernst Haeckel

däitschen Zoolog a Philosoph

Den Ernst Heinrich Haeckel, gebuer de 16. Februar 1834 zu Potsdam a gestuerwen den 9. August 1919 zu Jena, war en däitschen Naturwëssenschaftler a Philosoph.

Ernst Haeckel
Portrait vun 1860
Gebuertsnumm Ernst Heinrich Philipp August Haeckel
Gebuer 16. Februar 1834
Potsdam
Gestuerwen 9. August 1919
Jena
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Kinnekräich Preisen
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Biolog, Dokter, Zoolog, Philosoph, Naturalist, Ekolog, Ornitholog, Universitéitsprofesser, Ichthyolog, Botaniker, Explorateur, Fotograf, Schrëftsteller
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Philosophical Society, Accademia delle Scienze di Torino

Den Haeckel huet Medezin op den Universitéiten zu Berlin, Würzburg a Wien studéiert. 1857 huet hie promovéiert an e Joer méi spéit säi Staatsexame gemaach. Hie gouf 1861 Professer fir Anatomie zu Jena a krut do 1865 e Léierstull an der Zoologie bis 1909.

Nodeem hien 1860 e Wierk vum Charles Darwin iwwer d'Entstoe vun den Aarte gelies hat, gouf hien e begeeschterten Unhänger vun der Evolutiounstheorie. 1866 huet hien den Darwin perséinlech kennegeléiert an huet seng Aarbecht der Evolutiounstheorie ugepasst.

Den Ernst Haeckel huet de Begrëff Ekologie an d'Welt gesat.

Um Spaweck änneren

Commons: Ernst Haeckel – Biller, Videoen oder Audiodateien