Schabloun:Op engem 16. Dezember
- 714: De fränkeschen Hausmeier Pippin de Mëttelsten stierft.
- 1740: D'Preise falen a Schlesien an. Ufank vum Éisträicheschen Ierffollegkrich.
- 1773: Mat der Boston Tea Party gëtt den US-amerikaneschen Onofhängegkeetskrich agelaut.
- 1775: Déi englesch Schrëftstellerin Jane Austen kënnt op d'Welt.
- 1790: Gebuert vum Leopold I., dem éischte Kinnek vun de Belsch.
- 1944: Ufank vun der Ardennenoffensiv (och bekannt als Rundstedt-Offensiv oder Battle of the Bulge).
- 1989: Doud vun der italieenescher Schauspillerin Silvana Mangano.
- 1995: Déi zukënfteg europäesch Gemeinschaftswärung kritt hiren Numm "Euro".