The Boston Tea Party oder och The Rebel's Tea Party ass an der Amerikanescher Geschicht den Numm vun engem Protestakt am Hafe vu Boston an der Nuecht vum 16. op de 17. Dezember 1773.

An där Nuecht haten d'Géigner vum Téimonopol vun der British East India Company, dräi Schëffer vun där Kompanie, déi am Hafe vu Boston louchen, an déi Téi gelueden haten, gekapert, an déi ganz Ladung an d'Mier gehäit.

Geschichtlech Hannergrënn änneren

Dës Aktioun war eng vun den Ufanksrevolten déi den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich agelaut hunn.

Déi englesch Kolonië waren onzefridden iwwer de Steiersystem, an d'Taxen déi d'Heemechtsland dat méi wéi 3.000 Meilen ewech war, opgehuewen huet, ouni datt si selwer d'Walrecht haten a matbestëmme konnten, wat bei hinnen an der Kolonie sollt geschéien.

D'Protester dodergéint ware sou grouss ginn, datt den deemolege Premier Minister vu Groussbritannien de Lord North am Joer 1770 trotz dem Kinnek George III. sengem Widderstand d'Douanestaxen op den Importer ofgeschaaft huet. Dommerweis hat hien eng Ausnam gemaach an zwar bei den Taxe fir den Téiimport, ee vun de gréissten Importe vun Amerika.

Dat hat als Konsequenz, datt du ferrëm Téi geschmuggelt ginn ass. D'Reaktioun vun de Britten dodrop ware méi streng Kontrollen an den Häfen, an do derbäi hu se der Brittescher Ost-Indien-Gesellschaft de Monopol vum Téi-Import fir Nordamerika ginn.

Well den Ostindeschen Téi méi bëlleg gewiescht wier wéi d'Schmuggelprodukten, waren d'Schwaarzhändler och net frou dodriwwer an hu sech deenen ugeschloss, déi schonn ëmmer géint d'Taxen an d'Handelsaschränkunge protestéiert haten.

Am Dezember 1773 louchen dunn dräi Schëffer vun der Ost-Indien-Gesellschaft am Hafe vu Boston, an et gouf séier bekannt, datt se en décke Batz Téi an de Calen hätten.

Op Dirängele vum Samuel Adams, engem vun de militantste vun hinnen, gouf eng vigouréis Aktioun gestart. Als Indianer verkleet, mat Krichsmolerei an de Gesiichter, hu se déi dräi Schëffer iwwerfall, an den Téi deen déi gelueden haten, an d'Mier gehäit.

D'Britten hunn dodropshinn den Hafe vu Boston gespaart. Dës Strofmoossnam an anerer, déi nach no an no derbäikoumen, hunn den Onofhängegkeetskrich du ganz séier erbäigefouert.

Um Spaweck änneren

Commons: Boston Tea Party – Biller, Videoen oder Audiodateien