Schëld E, 4a

Verkéiershiwäisschëld Lëtzebuerg


D'Schëld E, 4a ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Wee uweist fir d'Uertschaft z’erreechen déi ugewisen ass.

Schëld E, 4a
Weeweiser op der normaler Strooss
Bezeechnung E, 4a
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Wann um Schëld d'Distanz bis bei d'Uertschaft uginn ass, gëtt se a Kilometer op der spatzer Säit vum Schëld ugewisen. D'Stroossennummer déi nom Modell vun de Schëlter E,21d bis E,21dc uginn ass, weist eng Strooss un, déi op d'Zil féiert. D'Nummer um Schëld gëtt op der anerer Säit wéi d'Spëtzt vum Schëld ugewise wann d'Schëld op där Strooss steet, déi um Schëld uginn ass ; d'Nummer gëtt op der spatzer Säit vum Schëld ugewise, wann d'Nummer op eng Strooss hiweist, déi een eréischt méi spéit um Trajet fir op d'Zil erreecht.

D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vun de Schëlter E,4a:

Originaltext aus dem Code de la route änneren

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 4. Signaux directionnels placés sur la voirie normale – 4.a. Direction d'une agglomération – Le signal E,4a (…) indique la direction à suivre pour atteindre l'agglomération indiquée.
Lorsque la distance qui sépare le signal de l'agglomération est indiquée, elle est inscrite en kilomètres du côté de la pointe du signal. Le numéro d'identification d'une voie publique inscrit sur le signal selon le modèle des signaux E,21d à E,21dc désigne une voie publique qui mène à la destination indiquée. Le numéro est inscrit du côté opposé à la pointe du signal lorsqu'il désigne la voie publique sur laquelle est placé le signal; il est inscrit du côté de la pointe du signal lorsqu'il désigne une voie publique située plus loin sur l'itinéraire qui mène à la destination indiquée. »

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld E, 4a gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 54 vum Artikel 107 definéiert[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.