Schëld B, 6
Verkéiersvirfaartsschëld Lëtzebuerg
D'Schëld B, 6 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat op enger enker Plaz ugëtt, datt d'Chaufferen Virfaart géintiwwer dem Verkéier hunn deen entgéint kënnt.
Dëst Schëld kann nëmmen opgestallt gi wann d'Chaufferen sech op der ganzer Längt vum enke Passage géigesäiteg gesinn. D'Schëld B, 5 muss an der Géigerichtung vum Schëld B, 6 opgestallt ginn.
Virfaart virum Verkéier deen entgéintkënnt | |
Bezeechnung | B, 6 |
---|---|
Kategorie | Virfaartsschëld |
Land | Lëtzebuerg |
Originaltext aus dem Code de la route änneren
„6. Priorité par rapport à la circulation venant en sens inverse - Le signal B,6 indique à un passage étroit que les conducteurs ont la priorité de passage par rapport aux conducteurs qui viennent en sens inverse“
– Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]
.
Bemierkungen änneren
- Geleeëntlech gëtt d'Schëld B, 6 falsch gebraucht, andeems et op der Kopp opgestallt gëtt.
Dimensioune vum Schëld änneren
An den Uertschaften muss d'Säitelängt vum Schëld op d'mannst 400 mm a baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm laang sinn.
Biller änneren
-
Verkéiersschëld B,6
-
D'Schëlter B, 6 (lénks) a B, 5 am Verglach niewenteneen
Um Spaweck änneren
Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.