Schëld B, 5

Verkéiersvirfaartsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld B, 5 ass e Virfaartsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat ugëtt, datt een op enger enker Plaz dem Verkéier deen entgéint kënnt, d'Virfaart iwwerloosse muss an datt et verbueden ass an den enke Passage eranzefueren, wann een net derduerch fuere kann, ouni datt de Verkéier deen entgéint kënnt, stoebleiwe muss.

Schëld B, 5
Virfaart fir de Verkéier deen entgéintkënnt
Bezeechnung B, 5
Kategorie Virfaartsschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

Dëst Schëld kann nëmmen opgestallt gi wann d'Chauffere sech op der ganzer Längt vum enke Passage géigesäiteg gesinn. D'Schëld B, 5 muss an der Géigerichtung vum Schëld B, 6 opgestallt ginn.

Originaltext aus dem Code de la route änneren

„5. Priorité à la circulation venant en sens inverse - Le signal B,5 indique à un passage étroit que les conducteurs doivent céder le passage aux conducteurs qui viennent en sens inverse et qu'il leur est interdit de s'engager dans le passage étroit tant qu'il ne leur est pas possible de le traverser sans obliger les conducteurs en sens inverse à s'arrêter.

Ledit signal ne peut être mis en place que si les conducteurs peuvent se voir mutuellement sur toute l'étendue du passage étroit. Le signal B,6 doit être mis en place dans le sens inverse de celui du signal B,5“

Artikel 107 – II. Signaux de priorité[1]

.

Bemierkungen änneren

 
Falsche Gebrauch vum Schëld
  • D'Schëld B, 5 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 14 vum Artikel 107 definéiert[2].
  • Geleeëntlech gëtt d'Schëld B, 5 falsch gebraucht, andeems et op der Kopp opgestallt gëtt.

Dimensioune vum Schëld änneren

An den Uertschaften muss den Duerchmiesser vum Schëld op d'mannst 500 mm a baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm sinn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Virfaartsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.