De Sauvetage ass e Service vun der Lëtzebuerger Protection Civile. Vun deene 25 Protex-Zenteren am Land hunn 23 e Service de Sauvetage. Hir Aufgab ass grossomodo gesinn den techneschen Aspekt vun der Rettung, ofgesi vum Asaz am Feier, fir dee gréisstendeels d'Pompjeeën zoustänneg sinn.

HTLF mat Sauvetage-Ausrëschtung aus dem Pompjeeszenter Mutfert-Méideng

Dofir hunn déi meescht Zentren (Viraus-)Rëschtween (kuerz och (V)RW) oder Hëllefsleeschtungstankläschween (HTLF). Déi Gefierer sinn z. B. ekipéiert mat:

  • engem Spräizer, enger Schéier oder engem Kombi-Geréit
  • engem Pedalleschneider
  • engem Plasmaschneider
  • e puer hydraulesch Zylinderen
  • enger oder e puer Motorseeën
  • e puer Geschierkëschten
  • engem Stroumaggregat
  • engem Kompressor
  • e puer Hiefkëssen
  • engem grousse Ventilator
  • Material fir d'Uelegbekämpfung op der Strooss
  • Material fir de Stroosseverkéier ofzesécheren
  • Otemschutzgeschier
  • Material fir d'Brandbekämpfung
  • Rettungs- an Noutfallmaterial (Spineboard, Noutfallrucksak, AED,...)

Verschidden Asazzenteren hunn ausserdeem e Mannschaftstransporter (MTW), e Geschierwon (GW), e Kommandowon (KDW), en Assatzleedwon (ELW) oder e Kranwon (KW).

De Gros vun de Sauvetageasätz sinn Uelegspueren oder Beem ewechmaachen, Persounen aus accidentéierte Gefierer retten, Leit aus Gebaier huelen oder aus hirer dacks mësslecher Situatioun befreien, souwéi den Ambulancieren hëllefen. D'Sauveteure ginn iwwer e Piipser alarméiert.

Um Spaweck

änneren