HTLF (Ofkierzung fir dat däitscht Hilfeleistungs-Tanklöschfahrzeug), deemno en Hëllefsleeschtungstankläschwon, ass e Pompjeesgefier, dat mat engem grousse Läschwaassertank équipéiert ass, fir an engem Asazfall eng séier Éischtbrandbekämpfung ouni Waasserversuergung duerchféieren ze kënnen. Am Géigendeel zu engem einfachen Tankwon ass dat Gefier och nach speziell mat Material fir technesch Hëllefsleeschtungen équipéiert, z. B. fir Autosaccidenter asw.

En "HTLF"

Asazgebitt änneren

En HTLF ass e Pompjeeswon, dee souwuel fir Bränn wéi och fir Technesch Hëllefsleeschtungen agesat ka ginn. En huet 8 Sëtzplazen, an dovu sinn der zwou op deenen een iwwer dem Fueren de schwéieren Otemschutz undoe kann.

Um Spaweck änneren

Commons: Tanklöschfahrzeug – Biller, Videoen oder Audiodateien