En Ambulancier ass eng Persoun, déi op enger Ambulanz matfiert an eng entspriechend Ausbildung huet. Zu Lëtzebuerg beschreift Ambulancier d'Ausbildung, déi sou eng Persoun huet, sou wéi et zum Beispill an Däitschland mat den Ausbildungen zum Rettungsassistent, Rettungssanitäter oder Rettungshelfer gehale gëtt.

De Lëtzebuerger Ambulancier änneren

Ausbildung änneren

Zu Lëtzebuerg ginn d'Ambulanciere vun der Protex an der Croix Rouge vun der Protection Civile ausgebilt. Als Viraussetzung muss een en Éischt-Hëllef-Cours absolvéiert hunn. Fir Stagiairesambulancier muss een op d'mannst 16 Joer hunn, Member an engem Centre de Secours sinn, an do reegelméisseg am 2-Wochen-Takt an d'Ambulancierscourse goen. Déi Coursen zéie sech iwwer 2 Joer. Gläichzäiteg geet een eng Kéier am Joer an d'École nationale de la Protection Civile zu Schëmpech. An där Zäit ass ee Stagiaireambulancier an et däerf een als drëtte Mann mat zwéin aneren Ambulanciere matfueren. No zwee Joer däerf een dann den Ambulanciersexame maachen, en Examen, dee sech an e prakteschen, e schrëftlechen an e mëndlechen Deel opdeelt. Wann een dee gepackt huet ass een Ambulancier, et muss een awer weiderhin op d'mannst bei 60 % vun de Course matmaachen.

Befäegungen änneren

En Ambulancier ass u sech en Transportspezialist fir blesséiert oder krank Persounen. Seng Kompetenze si grondsätzlech all Moossnamen, ofgesi vu sougenannten Actes Medicales, zu deenen all Medikamentenofgab oder Kierperverletzung zielt. Dat heescht, et ass een net berechtegt, Medikamenter ze ginn, Perfusiounen ze setzen an änleches. Allerdéngs huet en d'Méiglechkeet, eng Sauerstofftherapie ze maachen, well duerch déi d'Geforen nëmmen ënner ondenkbaren Zoustänn real sinn. D'Aufgabe sinn also d'Iwwerwachung, den Transport, d'Betreiung sou wéi einfach liewensrettend Moossname wéi Verbänn uleeën, Beootmung, Häerzdrockmassage, Ofsaugen an Immobilisatioun.