Sauli Niinistö

finnesche Politiker a Jurist

De Sauli Väinämö Niinistö, gebuer de 24. August 1948 zu Salo, Finnland, ass e finnesche Politiker a Jurist. Hien ass Member vun der konservativer Nationaler Sammlungspartei. Hie war vum 1. Mäerz 2012 bis den 29. Februar 2024 President vun der Republik Finnland.

Sauli Niinistö
Gebuertsnumm Sauli Väinämö Niinistö
Gebuer 24. August 1948
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker

Karriär änneren

Den Niinistö war vun 1995 bis 1996 Justizminister an duerno bis 2003 Finanzminister an der Regierung vum Premier Paavo Lipponen.

2006 war hie Kandidat bei de Presidentschaftswalen, a krut am 2. Tour 48,2 % vun de Stëmmen, soudatt d'Tarja Halonen erëmgewielt gouf. Bei de finnesche Parlamentswale vum Mäerz 2007 krut hien iwwer 60.000 perséinlech Stëmmen, souvill wéi kee virun him an der 100järeger Geschicht vun de Walen a Finnland. Am Abrëll 2007 gouf hien zum President vum finnesche Parlament gewielt. Hie war ausserdeem bis 2011 Vizepresident vun der Europäescher Investitiounsbank.

Bei der Presidentewal am Januar/Februar 2012 war den Niinistö op en Neits Kandidat vun der Nationaler Sammlungspartei. Am éischten Tour krut e mat 37 Prozent déi meescht Stëmmen. Den 2. Tour, de 5. Februar 2012, huet hie géint de Pekka Haavisto gewonnen.

Bei de Presidentschaftswale vum 28. Januar 2018 gouf hien am éischten Tour mat 62.7 % vun de Stëmmen erëmgewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Sauli Niinistö – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren