Sasha Baillie
D'Sasha Baillie, gebuer den 21. Abrëll 1970 zu Brighton am Vereenegte Kinnekräich[1], ass eng Diplomatin an zënter 2018 CEO vu Luxinnovation, der nationaler Innovatiounsagence vu Lëtzebuerg.[2]
Sasha Baillie | |
---|---|
Gebuer |
21. Abrëll 1970 Brighton |
Educatioun |
Istituto Universitario Europeo, University of St Andrews |
Aktivitéit | Diplomat |
Si ass eng bedeitend Perséinlechkeet an der Lëtzebuerger Ekonomie a Politik a gouf am Dezember 2022 vum Paperjam Magasinn als déi fënneft wichtegst wirtschaftlech Entscheedungsträgerin zu Lëtzebuerg ugesinn.[3]
Liewen a Karriär
ännerenD'Sasha Baillie huet vun 1990 bis 1994 op der University of St Andrews a Schottland studéiert an hire Studium mat engem Master of Arts an Internationale Relatiounen a Mëttelalterlecher Geschicht ofgeschloss. Duerno (1994 - 1966) war si um Istituto Universitario Europeo zu Florenz.[4]
Vun August 2003 bis Juli 2006 war si Cheffe de mission adjointe an der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der EU zu Bréissel, vun August 2006 bis Mee 2010 Cheffe de mission adjointe an der Lëtzebuerger Ambassade zu Moskau, duerno (Mee 2010 - Juli 2013) Secrétaire générale adjointe am Ausseministère a vun August 2013 bis Juni 2014 Direktesch vun der Direction des affaires européennes et des relations économiques internationales am selwechte Ministère.[4]
Si war véier Joer laang, vu Februar 2012 bis Januar 2016, lëtzebuergesch Ambassadrice fir Serbien (zu Lëtzebuerg). 2014 gouf si Directrice adjointe an diplomatesch Beroderin am Cabinet vum Wirtschaftsminister Étienne Schneider, wou si virun allem fir d'Virbereedung vum LuxGovSat responsabel war[5].
2018 gouf si Cheffin vu Luxinnovation an huet sech an dëser Positioun op déi digital Transformatioun vum Land konzentréiert an d'Kapazitéite vum lëtzebuergeschen technologeschen Ekosystem verstäerkt. Ënnert hirer Leedung huet Luxinnovation eng wichteg Roll gespillt fir Initiativen ëmzesetzen, déi d'Lëtzebuerger Kompetitivitéit an de Beräicher wéi Technologie, Fuerschung an nohalteg Entwécklung stäerken.[5]
Si war och eng Zäit laang (2021 - ?) Member am Verwaltungsrot vun IMS - Inspiring More Sustainability Luxembourg a Presidentin (2014 - 2019) am Verwaltungsrot vum Nation Branding.[6]
Am Oktober 2024 gouf ugekënnegt, datt si vum 1. Mäerz 2025 un de Paul Dühr als Haffmarschall ofléise géif[7][8].
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ C16 – Luxinnovation GIE, gekuckt op lbr.lu den 12. Oktober 2024
- ↑ (en)Sasha Baillie | Paperjam + Delano Business Guide. en.paperjam.lu. Gekuckt de(n) 10.12.2024.
- ↑ (en)Sasha Baillie is the 5th most influential decision maker in Luxembourg. luxinnovation.lu. Gekuckt de(n) 10.12.2024.
- ↑ 4,0 4,1 (en)Sasha Baillie. www.linkedin.com. Gekuckt de(n) 12.10.2024.
- ↑ 5,0 5,1 (fr)Sasha Baillie tout près de la Cour. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 10.12.2024.
- ↑ (fr)Sasha Baillie – Expériences professionnelles. www.paperjam.lu. Gekuckt de(n) 12.10.2024.
- ↑ (lb)Aktuell Direktesch vu Luxinnovation: Sasha Baillie soll nei Hofmarschallin ginn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 12.10.2024.
- ↑ (fr)Communiqué du Maréchalat de la Cour - Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 25.10.2024.