D'Samia Suluhu Hassan, gebuer de 27. Januar 1960 am deemolege Sultanat Sansibar, ass eng tansanesch Politikerin. Si ass, nom Doud vun hirem Virgänger, dem John Magufuli, zanter dem 19. Mäerz 2021 Presidentin vun Tansania (an déi éischt Fra an där Fonctioun).[1]

Samia Suluhu Hassan
Gebuer 27. Januar 1960
Nationalitéit Tansania
Educatioun Universitéit vu Manchester
Aktivitéit Politiker, Ekonomist

Virdru war si als Member vun der Partei Chama Cha Mapinduzi Deputéiert vun der Nationalversammlung. Si war och a verschiddene Regierunge Ministesch, mat diverse Portefeuillen.

2015 gouf si Vizepresidentin vun hirem Land.

Am September 2021 huet d'Samia Suluhu bestätegt datt si virgesi war fir de President am Joer 2025 ze kandidéieren an domat dem Land säin éischte gewielte Fra President ze ginn wa se gewënnt.

Um Spaweck änneren

Commons: Samia Suluhu Hassan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Tanzania's Samia Suluhu Hassan sworn in as first female president. France24, 19. März 2021.