John Magufuli

tansanesche Politiker

Den John Pombe Magufuli, gebuer den 29. Oktober 1959 a gestuerwen de 17. Mäerz 2021 zu Dar es Salaam, war en tansanesche Politiker. Hie war Member vun der Chama Cha Mapinduzi.

John Magufuli
Gebuertsnumm John Pombe Joseph Magufuli
Gebuer 29. Oktober 1959
Gestuerwen 17. Mäerz 2021
Dar es Salaam
Nationalitéit Tansania
Educatioun Universitéit vun Dar es Salaam
Aktivitéit Politiker, Chimist

De 25. Oktober 2015 gouf hien zum President vu Tansania gewielt an huet säin Amt de 5. November ugetrueden. De 25. Oktober 2020 gouf hien erëmgewielt.

Virdru war hie vun 1995 bis 2000 Delegéierten Aarbechtsminister, vun 2000 bis 2005 Aarbechtsminister, vun 2006 bis 2008 Minister fir ländlech Entwécklung a vun 2008 bis 2010 Landwirtschafts- a Fëschereiminister. Zënter 1995 war de Magufuli Deputéierten an der Nationalversammlung vun Tansania.

Als President huet hie sech ufanks fir e spuersame Budget a fir Korruptiounsbekämpfung agesat. No an no huet hie méi kontrovers Positioune ageholl: Géint Kontrazeptioun, oder dogéint datt jonk Fraen, déi e Kand kruten zeréck an d'Schoul dierften. Am kriddelegste ware seng Aussoen, COVID-19 wier net esou schlëmm a kéint mat engem Téi kuréiert ginn. Hien huet verbueden, Zuele vun Erkrankten ze publizéieren a säi Land kuerzerhand als 'COVID-fräi' deklaréiere gelooss. Am Mäerz 2021 gouf bekannt, datt hie selwer akut un där Kränkt erkrankt wier, an hien ass dunn och doru gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: John Magufuli – Biller, Videoen oder Audiodateien