Saint-Loup-sur-Semouse
franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône
Saint-Loup-sur-Semouse ass eng franséisch Gemeng am Departement Haute-Saône an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté am Dall vun der Semouse an der Augronne.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Bourgogne-Franche-Comté | ||||
Departement | Haute-Saône | ||||
Arrondissement | Lure | ||||
Kanton | Saint-Loup-sur-Semouse | ||||
Postcode | 70800 | ||||
Gemengecode | 70467 | ||||
Koordinaten | 47° 53’ 08’’ N 06° 16’ 27’’ O | ||||
Fläch | 1.654 ha | ||||
Bevëlkerung | 3 263 (2014) |
D'Gemeng ass besonnesch vun industriellen Akktivitéiten zanter dem 17. Joerhonnert markéiert. Et waren deemools haaptsächlech Gierwereien, Neelfabrécken, a Wiewereien déi sech do etabléiert haten. Am 19. Joerhonnert koume Schongfabrécken, Atelieren déi Stréihitt gemaach hunn a Broderien derbäi.
1860 gouf se Cité du meuble wéi sech do Stullfabrikanten ënner dem Numm Usines réunies installéiert hunn, déi duerno och Sällercher, Schlofkummeren an Iesszëmmere produzéiert hunn. Déi Firma huet 2012 de Betrib zougemaach. Haut gëtt et nach just eng Konschtschräinerei an der Gemeng.
Kuckeswäertes
änneren- D'Bouly-Schlass vu 1775, och Malliard-Schlass genannt ass als historescht Monument klasséiert.
- D'Bréck aus dem 18. Joerhonnert
- D'Kierch vu 1789
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Saint-Loup-sur-Semouse – Biller, Videoen oder Audiodateien |