Saint-Justin (Landes)
franséisch Gemeng am Departement Landes
Saint-Justin ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine. Et ass eng kleng Bastide déi méi oder wéineger oppen ass.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Landes | ||||
Arrondissement | Mont-de-Marsan | ||||
Kanton | Haute Lande Armagnac | ||||
Postcode | 40120 | ||||
Gemengecode | 40149 | ||||
Koordinaten | 44° 06’ 00’’ N 00° 24’ 12’’ W | ||||
Fläch | 9.662 ha | ||||
Bevëlkerung | 396 (2007) |
Geographie änneren
D'Gemeng läit am Norde vu Villeneuve-de-Marsan, op der Grenz mam Armagnac, riets a lénks vun der Douze. D'Gemeng ass un d'Stroossennetz iwwer d'Departementsstroossen D 933 an D 626, zwou wichteg Verkéiersoderen, ugeschloss.
Hydrographie änneren
De Corbleu, e lénksen Niewefloss vun der Douze, huet seng Quell an der Gemeng. Et ass mat déi eenzeg Baach déi hir Quell an der Gemeng huet an net op hirem Territoire an d'Douze leeft.
Nopeschgemengen änneren
Biller aus der Uertschaft änneren
-
Op der Rankmauer am Osten.
-
Al Stross mat Pawee laanscht d'Kierch.
-
D'Kierch Saint-André an den Templertuerm.
-
Prisongsdier nieft der Kierch.
-
Den aachteckegen Tuerm vum Léon Dufour sengem Schlässchen.
Biller aus der Noperschaft änneren
-
D'Kierch Saint-Sernin vun Douzevielle.
-
D'Kierch Saint-Martin vun Noët.
-
D'Kierch vun Argelouse.
-
D'Schlass Château de Fondat.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Saint-Justin (Landes) – Biller, Videoen oder Audiodateien |