Dësen Artikel beschäftegt sech mat der SMS Dresden (1917). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Dresden (Homonymie).

D' SMS Dresden war e klenge Kräizer vun der fréierer däitscher keeserlecher Marinn.

D'SMS Dresden

Et gouf gebaut fir d'SMS Dresden, déi 1907 gebaut gouf an duerno am Pazifik versenkt gouf, z'ersetzen. De 25. Abrëll 1917 hat se zu Kiel hire Stapellaf. Et war dat lescht Schëff vun der Keesermarine, dat den 28. Mäerz 1918 an Déngscht gestallt gouf.

D' Krichsschëff war 155,5 Meter laang, 14,2 Meter breet. Et hat en Déifgank vu 6,01 Meter an et huet 7.468 Tonne Waasser verdrängt. Déi gréisst Vitess war 27,8 Kniet.

Als Waffe waren u Bord:

Nom Enn vum Éischte Weltkrich gouf d'Schëff an der Bucht zu Scapa Flow festgesat, wou d'Bordmemberen et ënnergoe gedoen hunn, nodeem feststoung, datt et net sollt un Däitschland ausgeliwwert ginn.