Sécherheetspaart vum Blanc Pain

Sécherheetspaart Blanc Pain
Land Belsch
Plaz Houdeng-Gœgnies
Koordinaten 50° 30’ 00.27’’ N
      04° 10’ 17.80’’ O
Waasserlaf Canal du centre
Funktioun Sécherheetspaart
Charakteristiken
Fräi Héicht 7,00 m[1]
Paarten 1
Zort vu Paart Vertikal stole Paart
Material Bëtong / Stol
Bauhär Ministère wallon de l'équipement et des transports
Direction des voies hydrauliques de Mons
Bauzäit 2001 - 2003

D'Sécherheetspaart vum Blanc Pain (fr:Porte de garde du Blanc Pain) ass ee beweeglecht Wier um belsche Canal du Centre um Lieu-dit Blanc Pain zu Houdeng-Gœgnies.

D'Wier besteet aus enger vertikaler Schleisepaart déi déi ënnescht 5 km vum Kanal bei Pannen oder Aarbechten un de grousse Wierker kanalofwäerts vum Rescht vum 40 km laange Scheetbaseng isoléiere kann.

D'Paart selwer huet d'Form vun engem Schëffsbauch, an d'stole Gerëscht vum Hiefmecanissem a seng sichtbar Pullie soll un d'Moletten an d'Fërdertierm vun de Kuelegrouwen erënneren, vun deene fréier eng Hellewull an där Géigend stoungen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Voies navigables de Wallonie