Routbaach (Baach)

lëtzebuergesch Baach

D'Routbaach op de Landkaarten och als Roudbaach agedroen ass eng lëtzebuergesch Baach am Kanton Réiden an e lénksen Niewefloss vun der Atert

D'Routbaach zu Platen

D'Routbaach entsteet aus dem Zesummefloss vun der Folschter Baach an der Hueschterbaach ongeféier 800 Meter méi héich wéi d'Horas op enger Héicht vun 308 Meter (Héicht ACT).

Si leeft vun do no Westen an op der Horas kritt se d'Waasser vun der Breschterbaach dobäi. Da geet et no Südweste bis viru Proz wou vu lénks nach d'Bëschruederbaach draleeft. Zu Proz leeft se ënner dem CR116 erduercht, an da weider laanscht Biebereg op Platen. 300 Meter hanner Platen leeft se ënner der N 12 erduercht. Do gouf hiert Waasser vun engem Millegruef ugezaapt fir d'Iewerlenger Millen ze dreiwen. 800 Meter weider leeft se dann ënner der N 22 erduerch fir gläich duerno op enger Héicht vun 250 Meter an d'Atert ze lafen.

D'Routbaach ass ronn 6,1 Kilometer laang.