Hueschterbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Hueschterbaach ass eng kleng Baach am Kanton Réiden.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Quellbaachen op enger Héicht vu 430 Meter. (Héicht ATC), um Flouer Kuurbur.

Déi eng vun dëse Quellbaache kënnt aus der Bärendell an huet hir Quell op enger Héicht vu 488 Meter ronn 300 Meter westlech vun der Gëlt, an déi zweet kënnt aus dem Gröndchen an huet hir Quell op enger Héicht vu 494 Meter.

Vun do aus leeft se 1.200 Meter parallel mat der N23 bis op Hueschtert wou se dann och ënner dëser Strooss erduercht leeft. Do ktitt se Gesellschaft vu riets vun enger Bächelchen déi vum Flouer Saang kënnt.

No 1.800 Meter kënnt da vu riets d'Strengbaach dran, déi hir Quell och op Saang huet.

Vun do aus ännert se och hir Richtung an dréint no Nordoste fir dann no 2 Kilometer ënner dem CR116 erduercht ze lafen an direkt duerno mat der Folschter Baach zesummenzelafen. Vun do aus heeschen déi zwou zesummen da Roudbaach.

Kuckt och änneren