Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Roulier ass e Schëff, dat ënner anerem fir den Transport vu motoriséierte Gefierer gebraucht gëtt. Well d'Schëff eng oder zwou Rampen huet, kënnen d'Autoen oder d'Camionën direkt op d'Schëff erop- an eroffueren. Sou Schëffer ginn och Ro-Ro-Schëffer genannt, nom englesche Roll-On, Roll-Off, wat heescht "Rull erop, rull erof", fir en Ënnerscheed ze maache mat den traditionelle Frachtschëffer, déi mat Hëllef vu Krane vun uewen aus beluet ginn.

Roulier-Schëff um Mier

Et gëtt verschidden Typpe vun dëse Schëffer, jee nodeem se och nach Passagéier, Containeren um Deck oder aner Wueren transportéieren.

Type vu Roulier-Schëffer änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: RoRo ships – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Car carriers – Biller, Videoen oder Audiodateien