Roland Wiltgen

lëtzebuergesche Museker, Komponist a Musekspedagog

De Roland Wiltgen, gebuer de 6. Oktober 1957 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche Komponist a Musekspedagog.

Roland Wiltgen
Gebuer 6. Oktober 1957
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Musekspedagog, Komponist
Famill
Bestuet mat Françoise Wiltgen-Béasse
Kanner 2

Liewen änneren

Hien huet fir d'éischt Musek, an zwar Trompett, Piano a Kompositioun, am Escher Conservatoire an zu Metz studéiert. 1977 ass hien op Paräis gaangen an huet op der École normale de musique de Paris an um Conservatoire national supérieur de musique de Paris studéiert a mat Diplomer an Harmonie, Kontrapunkt, Fugue an Analys ofgeschloss.

Vun 1983 bis 2020 war hie Professer am Escher Conservatoire a Member vu villen Examensjuryen zu Lëtzebuerg, an der Belsch, Frankräich an an Italien.

Zanter der Grënnung vun der SACEM Lëtzebuerg am Joer 2003 war hien do a verschiddene Gremien aktiv an huet 2014, zesumme mat anere Komponisten, d'FLAC (Fédération luxembourgeoise des auteurs et compositeurs) an d'Liewen geruff. Bis 2017 war hien och hiren éischte President.

Hie wunnt zu Uespelt.

Wierk änneren

Zanter 1985 si bis elo (2022) eng 70 Stécker a ville verschiddenen Genren entstanen:

Piano; Uergel, Chouer, divers Kammermuseksensembelen an allen Gréisstenuerdnungen.

Säin Interessi fir elektronesch a Computertechnologien huet e puer Kompositioune fir dëse Medium ervirbruecht.

D'Haaptgewicht vu sengem Schafe läit awer am symphonesche Beräich, sief et Musek fir Blechbléiser, Harmonieorchesteren oder Symphonieorchesteren.

Vill vun dëse Kompositioune sinn Optragswierker a goufe vu renomméierten Ensembelen zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert.

E puer vu senge Wierker sinn op CD opgeholl ginn an e groussen Deel ass bei den Luxembourg Music Publishers éditéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren