Roland Peusch
De Roland Peusch, gebuer den 19. Mee 1946 zu Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergeschen Zauberkënschtler, Schauspiller, Moler a Museker, deem säi Kënschtlernumm Perol (Pe-usch Rol-and) ass.
Roland Peusch | |
---|---|
Gebuer | 19. Mee 1946 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Hien huet Lëtzebuerg um Congrès Européen de la Magie zu Antibes-Juan-les-Pins 1998 vertrueden, a war um Congrès Mondial de la Magie zu Lissabon am Juni 2000.
1983 ass de Roland Peusch zu Böblingen mam Zauberstab ausgezeechent ginn. Hien hat iwwer e puer Joer Optrëtter am Varieté-Programm vun der Nationallotterie an och bei RTL Télé Lëtzebuerg.
De Roland Peusch ass Grënnungsmember a fréiere President vum Magica Club Lëtzebuerg.
Referenzen
änneren- ↑ G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 334.