Magica Club
De Magica Club ass eng A.s.b.l. an där sech lëtzebuergesch Zauberkënschtler zesummefonnt hunn.
De Club ass den 11. Mäerz 1998 gegrënnt ginn. Den Zweck vum Club ass et Lëtzebuerger Zauberkënschtler an d'Zauberkonscht am Allgemengen ze fërderen. De Club ass 2003 der "Fédération internationale des sociétés magiques" (FISM) bäigetrueden.
Zanter 1998 gëtt all Joer eng Foire des Magiciens mat engem Jugendconcours an engem grousse Galaowend mat internationalen an nationalen Zauberkënschtler organiséiert.
Kënschtler
ännerenJoer | Uertschaft | Kënschtler an der Gala | Gewënner vum Concours | Aner Artisten |
---|---|---|---|---|
1998 | Bouneweg | Flip, Perol | ||
1999 | Hesper | Jay Scott Berry, Christoper Hart, Tommy Wonder, Tina Lenert, Rafaël, Kaky, David Goldrake |
||
2000 | Walfer | Jung!Junge, Julius Frack, Hans Moretti, Aldo Colombini, Carlos Vacquera , Kaky | Kamyléon | |
2001 | Esch-Uelzecht | HuthochDrei, Andreas Römer, Fredini, Cyril Harvey, Ralf Rolsn und Domino, Hörbi Kull. | Claus Heinzeler (Wave) | Joshua Jay |
2002 | Esch-Uelzecht | Topas, Roxanne, Fisselspecht, David Goldrake | Stonkel | Boris Wild, Dondo Burghardo |
2003 | Esch-Uelzecht | Prince of Illusions, Aaron Crow, Chris Joker, Arno, Wolf Fischer | Jan | |
2004 | Esch-Uelzecht | Peplum und Othello, Pascal, Tom Voss, Ken Bardowicks, Jonas Zeller , Ben Profane | ||
2005 | Esch-Uelzecht | Gaston, Nils Bennett, Romano Carrara, David Goldrake, Axel Hecklau, Magic Wave, Jeff | ||
2006 | Esch-Uelzecht | Valérie, Pilou, Julius Frack, | Timo Marc | Michael Ammar |
2007 | Esch-Uelzecht | Ben Profane, Ken Bardowicks, David Goldrake, Timo Marc | Richard Sanders |
Memberen
ännerenPresidenten
änneren- David Goldrake (1998-1999)
- Perol (1999-2002)
- Pascal Clement (2002-2008)
- Christina Nyman (2008-)
Geschicht
ännerenDe Magica Club ass et och schonn emol an den 50er Jore ginn. E war deemools vum René Breckler a vum Jemp Leer gegrënnt ginn. Sou ass zum Beispill 1955 eng grouss Zaubergala wärend fënnef Deeg am Vollekshaus zu Lëtzebuerg organiséiert ginn. 1959 ass eng lescht grouss Gala zu Munneref ofgehale ginn. Duerno huet dee Club sech opgeléist.